
Den Hastert, mat Virfahre vu Lëtzebuerg, war eng Zäit als Spriecher vum Repräsentantenhaus ee vun de wichtegste Politiker an den USA. Elo ass de Republikaner Dennis Hastert vum Parquet am Bundesstaat Illinois ugeklot ginn. Hie soll enger Persoun an de leschte 5 Joer Cash a Milliounenhéicht bezuelt hunn. 3,5 Milliounen Dollar am ganzen. Anscheinend fir sech fir Feeler an der Vergaangenheet erëmzekafen, wéi et heescht. Den Dennis Hastert huet domadder géint amerikanesch Bankgesetzer verstouss. De Republikaner kritt donieft reprochéiert den FBI belunn ze hunn. D'Persoun déi d'Sue krut, soll de Politiker bal säi Liewe laang kannt hunn.