"Onwierdeg Situatioun am Abrigado"Fro u Paulette Lenert: Wou ass den Drogenaktiounsplang drun?

Claudia Kollwelter
„D'Situatioun vum Abrigado ass onsem Land onwürdeg. Eisen Ëmgang mat deene Schwächsten hei ass fir sech ze schummen!", sou François Benoy vun Déi Gréng.
© RTL Archivbild

Wou ass den Drogenaktiounsplang drun?/Claudia Kollwelter

An enger erweiderter Fro un d'Gesondheetsministesch wollt de gréngen Deputéierten ënnert anerem wëssen, wéi et mat der Ëmsetzung vum nationalen Drogeplang ausgesäit.

Et wier e Problem, deen ëmmer méi visibel gëtt, huet de François Benoy ënnerstrach. Am Visibelste wier e wuel ronderëm den Abrigado:

"Mee Droge kenne weder Landes-, nach Gemengen-, nach Quartiersgrenzen. Dofir muss d'Regierung zesumme mat de Gemengen dëse Problem méi engagéiert an decidéiert ugoen. Strukturen evaluéieren an den aktuelle Besoinen upassen. Hir Verantwortung iwwerhuelen."

D'Paulette Lenert huet erkläert, datt et aktuell 4 Servicer am Land ginn, nieft 2 an der Stad, een zu Esch an een zu Ettelbréck, et awer Fakt wier, datt d'Haaptstad eng zentral Dréischeif fir den Drogekonsum bleift. Am Drogenaktiounsplang wier Verschiddenes virgesinn:

"D'De-Lokalisatioun vum iwwerwaachten Inhalatiounsraum vum Abrigado op en anere Site, idealerweis an der Stad Lëtzebuerg, dee getrennt géif gi vum Injektiounsraum. Et ass awer virun allem de Foyer de nuit vum Abrigado, deen et gëllt ofzekoppelen a lokal ze dezentraliséieren, fir net all d'Offeren op deem nämmlechte Site ze hunn."

Zanter Jore gëtt gefuerdert, datt d'Offer vu Strukture wéi den Abrigado méi uechtert d'Land verdeelt ginn. Nieft Ettelbréck an Esch bräichten an den Ae vum François Benoy och aner Regiounen Drogekonsumraim. D'Fixerstuff zielt aktuell ronn 180 Clienten den Dag. Experten no wiere 50 pro Struktur normal huet de gréngen Deputéierten erkläert:

"Mat méi, mee dofir méi klenge Strukture kann een d'Sozial- an Drogenaarbecht och méi cibléiert de verschiddene Clientèlen upassen an déi negativ Nieweneffekter zum Beispill fir d'Noperschaft sinn esou manner héich."

4 Strukture fir Drogekranker ginn et de Moment zu Lëtzebuerg. Servicer, déi der Gesondheetsministesch Paulette Lenert no ënnert anerem dozou bäidroen Liewen ze retten:

Iwwer 2.400 Iwwerdosisse si bis haut am Abrigado geréiert ginn. An d'Zuel vun Drogendoudeger ass um nationale Plang déi lescht 15 Joer markant erofgaangen.

Donieft war et nach d'Informatioun vun der Gesondheetsministesch, datt en interministeriellen Aarbechtsgrupp lafe géing, fir en Etat de lieu ze maachen iwwert d'Drogekriminalitéit op der Gare an zu Bouneweg. D'Paulette Lenert huet ënnerstrach, datt wat d'Offer besser wier an ee méi dezentraliséiert schaffe kéint, wat een och besser un d'Leit erukéim. Mam 5. nationalen Drogenaktiounsplang wier een do awer um richtege Wee.

Back to Top
CIM LOGO