
"Et ass normal a berechtegt, datt d'Leit sech Froe par Rapport zum Corona-Vaccin stellen", dat huet den Direkter vun der Santé e Mëttwoch wärend enger 90-Minutte-laanger Online-Emissioun betount, bei där hien an d'Gesondheetsministesch sech de Froe vun de Leit gestallt hunn. An do goung et vu bis...
Kéinten Inconnuen d'Impfstrategie zu Lëtzebuerg änneren?
Op déi Fro huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert geäntwert, datt een op sou Situatioune preparéiert wier: "A selbstverständlech wa sech géif erausstellen, datt en Impfstoff net géif passen, fir Phasen déi prioritär ausgewise sinn, dann huet dat en Impakt. Da misste mir eis nach emol domat befaassen, wat et genee als Impakt huet a wéi d'Prioriséierung vun deem Impfstoff kéint ausgesinn. Dat ass eng Fro, déi sech eventuell zum AstraZeneca wäert stellen an den nächsten Deeg."
Ier eng Decisioun geholl gëtt, ob Leit iwwer 55 oder 65 den AstraZeneca-Impfstoff solle kréien, gëtt den Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses ofgewaart, deen en Donneschdeg oder e Freideg komme soll. Eng aner Fro war dann déi, ob een auswiele kann, wéi een Impfstoff ee kritt. Den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit huet betount, datt de Choix ënnert anerem eng medezinesch Diskussioun wier: "Mir hu lo déi éischt Indikatiounen, datt AstraZeneca vläicht net sou gutt ass fir verschidden Alterskategorien. Mir kréie warscheinlech mat aneren Impfstoffer aner Indikatiounen, fir wat fir eng Kategorie verschidden Impfstoffer besser wieren. Dat ass eppes, wat ee fir d'éischt muss consideréieren a wann da bis méi Impfstoffer do sinn, komme mer an eng Situatioun, wou méi Choix do ass."
De Moment wieren d'Impfstoffer awer nach ganz limitéiert an dofir hätt een och elo nach net de Choix. Da goufen et vill ganz spezifesch Froe par Rapport zu zum Beispill ënnerschiddleche Krankheeten a méigleche Konter-Indikatiounen beim Impfen. D'Fro dann och: Wann ee geimpft ass, kann een de Virus dann nach kréien oder weider ginn? "D'Impfung heescht net, datt een alles ka maache wéi normal, et bleiwe leider eng Partie Restriktioune bestoen. Et ginn awer och schonn éischt Indikatiounen an d'Richtung, datt d'Frequenz vun der Transmissioun erof géif goen. Mä do musse mer nach puer Woche waarden, fir definitiv Donnéeën ze hunn."
Wat d'Large-Scale-Tester betrëfft, huet de Jean-Claude Schmit nach betount, datt dës bis de Summer mol viru lafe sollen, se souguer méiglecherweis nach bis an den Hierscht verlängert ginn.