
Do ass dëse frontal mat engem Auto kollidéiert, deen entgéint koum. 2 Persoune goufe liicht blesséiert a koume fir eng Kontroll an d'Spidol. De schëllegen Automobilist stoung ënner ze héijem Alkoholafloss a krut de Führerschäin ofgeholl.
Kuerz viru 17 Auer koum et e Sonndeg op der Streck tëscht Waarken an Ettelbréck zu engem Tëschefall, bei deem e Säitespigel bei engem Iwwerhuelmanöver beschiedegt gouf. De schëllege Chauffer hat refuséiert e Constat auszefëllen an huet sech duerch d'Bascht gemaach. D'Police konnt de Chauffer awer ermëttelen an huet en Alkoholtest mat him gemaach... dee positiv ausgefall ass. Et sollt sech erausstellen, dass de Chauffer eigentlech e Fuerverbuet hat. Den Auto gouf op Uerder vum Parquet beschlagnaamt.
Kuerz virun 18 Auer war dann nach en Automobilist op der A13 duerch seng Fuerweis opgefall. De Chauffer gouf an der Industriezon Riedgen vun der Police kontrolléiert. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Führerschäin gouf agezunn.
Um Méindeg de Moien hat et géint 8.15 Auer tëscht dem Wandhaff a Garnech gerabbelt. 2 Autoe waren hei net laanschtenee komm. Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun beim Accident blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Koler an d'Ambulanz vu Mamer.