Keespelt-SchëndelsFrontalkollisioun tëscht 2 Autoen, ee Chauffer gouf liicht blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Um CR102 koum et um Donneschdeg de Mëtteg zu engem Accident. D'Streck tëscht Keespelt a Schëndels huet misste fir den Trafic gespaart ginn.
© Domingos Oliveira / RTL

Kuerz no 16 Auer ass d'Streck nees vu Schëndels a Richtung Keespelt opgaangen. An déi aner Richtung war den CR102 méi laang zou. Ufanks gouf vun zwee Blesséierte geschwat, méi spéit war dunn awer kloer, dass nëmmen eng Persoun blesséiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO