Ee vun den Automobiliste war mat sengem Gefier op déi aner Spuer geroden, wouropshin den aneren Auto net méi auswäiche konnt. Déi zwee Chauffere goufe blesséiert a koumen an d'Spidol, schreift d'Police. Am Bulletin vum CGDIS ass ze liesen, dass just eng Persoun blesséiert gouf.
Den Accident war géint 7 Auer an um 9.10 Auer Auer ass d'Streck nees opgemaach ginn.
Op der Plaz waren d'Pompjeeën an 2 Ambulanze vu Réiden.