2 BlesséierterFrontalkollisioun tëscht Biissen a Viichten, een Auto op d'Kopp gaangen

RTL Lëtzebuerg
Géint 16 Auer koum et um CR306, der Streck tëscht Biissen a Viichten zu engem Accident tëscht 2 Ween.
© Domingos Oliveira / RTL

Éischten Informatiounen no krute sech 2 Autoe frontal ze paken. Een Auto ass dobäi op d'Kopp gaangen. Zwou Persoune goufe blesséiert, eng Persoun huet misse vun de Pompjeeë befreit ginn.

Méi Detailer sinn nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO