CGDISFrontalkollisioun tëscht Lenzweiler a Boxer, 2 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch goufen, wéi de CGDIS a sengem Bulletin matdeelt, véier Persounen op eise Stroosse blesséiert.
© Domingos Oliveira

E Mëttwoch gouf et géint 13.40 Auer zu Esch an der Rue Joseph Kieffer eng Kollisioun tëscht zwee Autoen. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Géint 16.15 Auer koum et um CR332 vu Lenzweiler Richtung Boxer zu enger weiderer Kollisioun. Hei mellt de CGDIS zwee Blesséierter.

Déi nämmlecht Zäit ass zu Péiteng an der Route de Luxembourg e Kand vun engem Auto ugestouss ginn.

Back to Top
CIM LOGO