Tëscht Dikrech a SteeënFrontalkollisioun um "Bloen Eck"

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie géint 7.45 Auer koum et op der N14 tëscht Dikrech a Steeën op der Héicht vun der Kräizung mam CR347 zu engem Accident.
© Domingos Oliveira

Zwee Autoe sinn hei frontal aneneegerannt, en drëtte Won gouf liicht touchéiert. Véier Persoune goufe blesséiert, wéi de CGDIS matdeelt. Opgrond vun den Opraumaarbechte koum et zu Perturbatiounen am Trafic.

UM CR102 vu Mamer a Richtung Kielen sinn um 7.40 Auer e Mëttwoch och zwee Ween kollidéiert, hei goufen zwou Persoune verwonnt.

Géint 8.15 Auer ass zu Housen en Automobilist mat sengem Won an e Bam gerannt a gouf blesséiert.

Op der A7 a Richtung Fridhaff ass dann nach en Auto an d’Leitplanke gerannt. De CGDIS mellt zwee Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO