Garden an AstreintenFrust bei Spidolsdokteren

RTL Lëtzebuerg
Zanter Juni zejoert sollen d'Garden a Bereetschaftsdéngschter indemniséiert ginn. Ma fir een Deel vun den Dokteren ass dat net de Fall.
Garden an Astreinen
Zanter Juni zejoert sollen d’Garden a Bereetschaftsdéngschter indemniséiert ginn. Ma fir een Deel vun den Dokteren ass dat net de Fall.

D’Konventioun tëscht Gesondheetsministère a Spidolsfederatioun wär ze knapp opgestallt, esou d’Kritik. Konsequenz: verschidde Medezinner gi fir d’Garden an Astreintë bezuelt, anerer net. Dat suergt fir Frust a kéint och zum Problem fir d’Patienteversuergung ginn.

E konkret Beispill

De Spidolsgrupp Hôpitaux Robert Schuman: vun den 42 Dokteren, déi pro Dag um Kierchbierg an an der Zithaklinik Gardë maachen, respektiv am Bereetschaftsdéngscht sinn, ginn der 16 net indemniséiert. Zum Beispill si just 2 Anästhesist-Reanimateure virgesinn. Dat géif awer net duergoen, seet den Dr Cyril Thix, President vum Conseil médical vun den HRS.

“Well mir brauche schonn eleng een Anästhesist-Reanimateur fir all Intensivstatioun op all Site. Domadder ass en drëtten Anästhesist, dee sech just ëm de Bloc opératoire këmmert fir d’Garden an Urgencen um Site Kierchbierg, dee feelt da komplett.”

Den drëtten Anästhesist assuréiert seng Garden den Ament weider, obwuel hien, am Géigesaz zu sengen 2 Kolleegen, net dofir entschiedegt gëtt. Fir den Neurochirurg ass mol kee Bereetschaftsdéngscht virgesinn.

Do géif sech dann d’Fro fir déi Confrère stellen, wéi virufueren? Nokucken a weider keng Indemnisatioun kréien oder ophale Garden a Bereetschaftsdéngschter ze leeschten?

All Spidol am Land wier méi oder manner betraff, heescht et vun der Doktesch-Associatioun AMMD. Schonn eleng, well se all méi wéi ee Site hätten.

Pilotprojet soll Enn dës Joers ausgewäert ginn

“Mir kënnen nëmmen dat bezuelen, wat am Gesetz virgesinn ass. Et gëtt e gesetzleche Kader, dee fir verschidde Spezialitéiten eben d’Garde sur Place virgesäit a fir anerer just eng Astreinte an a Funktioun dovunner ass d’Konventioun opgesat.”

Erkläert d’Gesondheetsministesch, déi d’Konventioun mat der Spidolsfederatioun awer ouni d’AMMD ënnerschriwwen huet. Et géif sech hei ëm e Pilotprojet handelen. Dëse géif och a gëtt vun engem Evaluatiounscomité begleet, betount d’Paulette Lenert. Um Enn vum Joer géif Bilan gezunn an eventuell Upassunge kommen.

Diskussiounsbedarf wäert do bei enger Rei Knackpunkte bestoen. Zum Beispill wat d’Indexéierung vun den Tariffer ugeet. Oder d’Problematik, datt de Bereetschaftsdéngscht an der Woch just vun owes bis moies 7 Auer indemniséiert gëtt. Wann den Dokter awer daagsiwwer geruff gëtt an dofir senge Patienten ofsoe muss, kritt hie keng Entschiedegung.

“Da ginn et eenzel Detailfroe bei eenzele Spezialitéiten, fir ze wëssen, wou ass eng Astreinte justifiéiert a wou eng Garde sur place néideg”, seet den Dr Philippe Turk, President vun der FHL.

Fir d’Kardiologen ass beispillsweis just de Bereetschaftsdéngscht virgesinn.

Geet et der Spidolsfederatioun no soll d’AMMD och eng Plaz am Evaluatiounscomité vum Pilotprojet kréien. Nieft de Conseils médicaux aus de Spideeler, déi scho bei der éischter Reunioun dobäi waren.

D’Gesondheetsministesch weist sech Dialogbereet. De Projet wär ganz nei. Jidderee séiz ronderëm den Dësch. Da sollt ee sech elo dat Joer ginn wat et fir d’Praxis mat Recul ze analyséieren an déi richteg Upassungen ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO