Kinesitherapeuten zu LëtzebuergFuerderung no engem eenheetlechen Niveau

RTL Lëtzebuerg
E Freideg war de Weltdag vun der Kinesitherapie. D'Associatioun vun de Kinéen (ALK) gesäit deelweis nach Loft no uewen.
© Archiv

Kinesitherapeuten zu Lëtzebuerg: Fuerderung no engem eenheetlechen Niveau

Der ALK hir Aufgab ass et, d’Kinéen hei am Land an am Ausland ze vertrieden. Zu Lëtzebuerg ginn et ronn 1.800 Kinéen. De Personalmangel ass also keen Thema. Hei läit de Problem beim schouleschen Niveau, dee jee no EU-Land ännere kann, esou d’Carmen Glod, Responsabel fir international Relatioune bei der ALK.

“All Kiné sollt dee selwechten Niveau hunn, dëst ass awer nach net den Fall. 1992 gouf scho probéiert, EU-wäit alles op deen een Niveau ze bréngen, wat dunn awer net realiséiert gouf. Et gëtt an enger Ekipp zesummegeschafft, fir dëst Zil ze areechen, mä et gesäit net esou aus, dass de Problem séier geléist gëtt.”

D’Nomenclature, also d’Lëscht vun den Akten a Servicer, déi vun der Krankekeess rembourséiert ginn, gëllt och zu engem Deel fir d’Kinesitherapie. Hei gouf eréischt viru puer Joer gekuckt, dass alles um aktuellste Stand ass. Hei stinn déi grouss Behandlungen dran, all Kiné muss awer net op déi selwecht Aart a Weis een Traitement ugoen, esou d’Carmen Glod.

“An der Nomenclature stinn déi grouss Behandlungen dran. Do gëtt awer net präziséiert, wéi eng Technik den Kiné benotze muss, fir de Patient ze behandelen. Dëst gëtt och net vum Dokter festgeluecht. Et ass de Kiné, deen decidéiert, wéi eng Technik benotz gëtt.”

D’Kinesitherapie fënnt een an Spideeler, Altersheemer a liberale Cabineten. Dacks gëtt si awer vergiess, zemools wa wichteg Decisioune getraff ginn. Dëst misst een awer änneren, esou d’Carmen Glod.

“D’Kinéë ginn oft vergiess. Wa Gesetzer gestëmmt ginn, gëtt d’Meenung vun der Kinesitherapie dacks net gefrot. Hei gëtt sech gewënscht, dass et méi Zesummenaarbecht mam Gesondheets- an Educatiounsminister gëtt.”

Weider Informatioune fënnt een um Internetsite vun der lëtzebuergesch Associatioun fir d’Kinesitherapeuten - op ALK.lu.

Back to Top
CIM LOGO