GonnerengFuerderung no méi Sécherheet op der N11

Monique Kater
Nodeems den 19. Oktober eng Foussgängerin op der N11 op der Héicht vun enger Bensinsstatioun ugestouss gouf, ass et nees den Appell, hei eppes ze änneren.
No Accident zu Gonnereng - Fuerderung no méi Sécherheet
D'Gemeng Jonglënster fuerdert, dass en Iwwergang fir Foussgänger iwwert d'N11 soll gemaach ginn.

En Accident a seng Konsequenzen. Den 19. Oktober war et en uergen Accident op der Iechternacher Streck, kuerz hannert der Aral-Tankstell zu Gonnereng. Eng Foussgängerin gouf hei moies vun engem Auto, deen aus der Stad koum, ugestouss. D'Affer gouf op der Plaz vum Samus-Dokter versuergt, éiert et an d'Spidol transportéiert gouf.

Den 19. Oktober 2021 ass moies eng Foussgängerin ugestouss an uerg blesséiert ginn.
Den 19. Oktober 2021 ass moies eng Foussgängerin ugestouss an uerg blesséiert ginn.
© Domingos Oliveira (RTL)

D'Gemeng Jonglënster kritiséiert elo Ponts et Chaussées. De Ben Ries, 1. Schäffen, fuerdert, dass d'Stroosseverwaltung endlech eppes mécht fir d'Sécherheet vun de Leit. Et soll manner no Paragraphen, ma méi no der Sécherheet gekuckt ginn. En Iwwergang fir Foussgänger, mat enger rouder Luucht, déi och beliicht ass, esou d'Fuerderung vun der Gemeng Jonglënster.

De Ben Ries

Och d'Associatioun ''Victimes de la route'' ass onzefridden. Trotz dem Streckeradar wär d'N11 net sécher. D'Leit géife sech net un d'Vitesselimitatiounen halen. Leit déi vun der anerer Säit vun der Tankstell wunnen, géifen dacks iwwert d'Strooss gelaf kommen, wa se Kommissiounen dohinner maache ginn, esou den Armand Jaminet, dee laang zu Gonnereng gewunnt huet. Et gëtt e bësse weider d'Strooss erop eng kleng Bréck, ma da Wee dohinner, wier hinne wuel dacks ze wäit. Et goufen och Leitplanken installéiert, ma déi ginn net bis bei d'Tankstell, hëllefen deemno och net wierklech.

Um Groeknapp gouf eng Luucht gemaach, zu Altréier eng Unterführung, op der N1 wieren op e puer Plaze Verkéiersberouegunge komm. Hei schéngt dat net ze klappen, soe Gemeng an AVR. Firwat, versteet keen, esou den Armand Jaminet.

D’N11 ass eng Nationale, an ëm déi bekëmmere sech nun emol d’Ponts et Chaussées. Oder och net, kéint een op alle Fall mengen.

Raymond Schintgen, LSAP, Lënster Conseiller & fréieren AVR-President: "Et ass un der Stroossebauverwaltung, fir eng Léisung ze fannen an och eng ze sichen an och dee Moment déi ze presentéieren. Hei ass eng Situatioun, déi ass geféierlech. Hei ass eng Situatioun, déi scho laang an zanter Jore bekannt ass. Ech mengen, de Wëlle vum Minister ass schonn do, ob elo de Wëlle bei der Stroossebauverwaltung do ass, dat ass eng aner Fro."

Eng Fro op déi mir haut och keng Äntwert hunn, well de Chef vun der Stroossebauverwaltung keen Interview wollt ginn. Et géif ee mat der Gemeng eng Léisung sichen. E Rendez-vous wier gemaach, krute mir gesot, an dee wéilt een ofwaarden. D’Gemeng ass gespaant, huet hier Iddien: e Stroosseniwwergang mat Luuchten, sou d’Fuerderung!

Ben Ries: "Well mer schonn eng negativ Äntwert kritt hunn, déi Jore virdrun, fir sou e Stroosseniwwergang ze kréien, mat dem Argument, dass et net méiglech wier op dëser Plaz, hu mer eis zesummegedoen an e bureau d'études ugestallt hei e Projet ze zeechnen. Mir hunn och elo effektiv e Rendez-vous mat P&C an den nächste Wochen, wou mer hinne wollten de Projet ënnerbreeden, fir hinnen ze weisen, dass et méiglech ass. An dann hoffe mer, dass mer op e Konsens kommen."

D’Gemeng hätt déi Kéier hir Hausaufgabe gemat, seet den LSAP-Conseiller. Deen hat sech iwwregens als AVR-President ëmmer nees mat der Verwaltung an den Hoer hat. Firwat ëmmer eppes misst geschéien, iert eppes geännert oder verbessert gëtt … dat huet net eleng hien sech haut gefrot.

Artikel vum 19. Oktober: Foussgänger zu Gonnereng gëtt ugestouss an uerg blesséiert

Back to Top
CIM LOGO