Sexuelle Mëssbrauch bei MannerjäregenFuerderung: Verjärungsfrist soll a ganz Europa ofgeschaaft ginn

RTL Lëtzebuerg
Nom aktuelle Gesetz huet d’Affer vu sexuellem Mëssbrauch 10 Joer no senger Volljäregkeet Zäit fir sexuelle Mëssbrauch ze mellen. Elo gouf dat geännert.
© CHILD Global & Brave Movement

E Mëttwoch de Mëtteg gouf an der Chamber e Gesetz gestëmmt, fir méi géint sexuell Gewalt géint Mannerjäreger virzegoen. Wann e Mannerjärege sexuell mëssbraucht gëtt, hat dëse bis elo no senger Volljäregkeet 10 Joer, heescht bis 28, Zäit fir de Fall ze mellen. Wann d’Affer de Fall méi spéit mellt, ass de Fall verjäert an den Täter kann net méi zur Rechenschaft gezu ginn.

D’Verjärungsfrist gouf elo op 30 Joer no der Volljäregkeet vum Affer eropgesat. Bei schwéiere sexuelle Verbrieche wéi Vergewaltegung vu Mannerjärege gëtt d’Verjärungsfrist ganz annuléiert.

Awer nach net streng genuch?

D’Verjärung gëtt vun den Organisatioune Brave-Movement an CHILD Global kritiséiert. An engem Rapport mam Titel “Entfesselt Gerechtegkeet : Verjärungsfrist ofschafen, Kanner beschützen” hu si duergestallt a wéi enge Länner wéi eng Verjärungsfriste bei sexuellem Mëssbrauch vu Mannerjärege gëllt.

© CHILD Global & Brave Movement

Ënnert anerem d’Belsch, Groussbritannien an Dänemark sti gutt do. Bei hinne gëtt et keng Verjärungsfrist fir déi meescht Strofdote géint Mannerjäreger. An Däitschland a Frankräich kënnen Affer vu sexuellem Mëssbrauch déi meescht Strofdoten nach bis zu hirem 40. Liewensjoer mellen an den Täter zur Rechenschaft zéien. An ënnert anerem Portugal a Finnland gëtt d’Verjärung op de Moment vun der Dot gerechent an net um Alter vum Mannerjäregen.

Déi zwou Organisatioune fuerderen ënnert anerem, dass d’Verjärungsfriste fir all Strofdoten am Zesummenhang mat sexueller Gewalt a sexuellem Mëssbrauch u Mannerjäregen ofgeschaaft ginn. Begrënnt gëtt déi Fuerderung domat, dass vill Affer duerch de sexuelle Mëssbrauch am jonken Alter staark traumatiséiert sinn a réischt vill méi spéit doriwwer schwätze kënnen. Hiren Erfarungen no wier dat dacks réischt am Alter vu 50 Joer an da wier et a ville Länner schonn ze spéit, fir géint den Täter virzegoen.

Back to Top
CIM LOGO