Schued limitéierenFuerschung hëlleft, Héichwaasser besser virauszesoen

Olivier Catani
Et war an der Nuecht vum 3. op de 4. Februar 2020. Am Fong sollt d'Waasser réischt moies fréi kommen, mee dunn ass et méi séier gaange wéi virausgesot.
Fuerschung hëlleft Héichwaasser besser virauszesoen
Duerch e Fuerschungsprojet vum List um Belval soll et Zukunft méiglech sinn, besser kënne virauszesoen, wéi séier d'Waasser wéi héich klëmmt.

D'Uelzecht ass matten an der Nuecht aus hirem Bett eraus geklommen an huet grouss Deeler vun Ettelbréck iwwerschwemmt. Och am Réiserbann ass de Peegel séier geklommen.

D'Waasserverwaltung hat eng Warnung eraus ginn, den Héchststand gouf dunn awer éischter erreecht.

Duerch e Fuerschungsprojet vum List um Belval soll et Zukunft méiglech sinn, besser kënne virauszesoen, wéi séier d'Waasser wéi héich klëmmt. D'Fuerscher hunn eng Method entwéckelt, wéi een de Wee vum Waasser duerch de Buedem an d'Baach besser ka verstoen an esou och viraussoen. An dës Method gëtt elo och schonn am Ausland vun anere Fuerschungsekippen applizéiert.

Back to Top
CIM LOGO