
D’Police mellt, dass den Autoschauffer mat ronn 167 Kilometer an der Stonn iwwer de Autobunns-Chantier op der A4 Richtung Esch gerannt war. Do gëllen normalerweis 90 Kilometer an der Stonn. Dobäi hat de Chauffeur wuel och de Policeauto net gesinn, laanscht deen hien gerannt ass.
Zu Steebrécken gouf d‘Gefier dunn ugehalen. Et huet sech ëm e ganz jonke Chauffeur gehandelt, dee knapps de Fürerschäin hat. Dee konnt en natierlech dunn op der Plaz nees ofginn.