PoliceFürerschäin agezunn wéinst Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
Wärend enger Patrulle op der Côte d'Eich an der Stad a Richtung Boulevard Royal sinn d'Beamte vun der Police op e Gefier opmierksam ginn.

Nodeems den Auto e puer Mol d'Fuerbunn ouni Winker gewiesselt huet, gouf d'Gefier gestoppt. Wéi sech erausgestallt huet, hat de Chauffer gedronk. Bei engem Alkoholtest koum eraus, dass den erlaabten Héchstwäert (1,2‰) iwwerschratt gouf. De Fuerer krut e provisorescht Fuerverbuet a säi Fürerschäin gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO