5 Froen un de Fred Keup vun der ADR"Fusiounen net onbedéngt weiderféieren"

RTL Lëtzebuerg
De Parteipresident vun der ADR, Fred Keup, war am Kader vun de Gemengewalen 2023 Invité am "5 Froen un".
5 Froen un: De Fred Keup vun der ADR
De Parteipresident vun der ADR, Fred Keup, war am Kader vun de Gemengewalen 2023 Invité am “5 Froen un”.

Virun allem déi grouss Parteie schwätze sech fir Gemengefusiounen aus. D’ADR gesäit dat awer éischter kritesch. Wann ee vill Dierfer zesummeleeë géing, géif déi politesch Representativitéit dorënner leider. Dowéinst schwätzt ee sech bei der Oppositiounspartei derfir aus, datt d’Gemengen um Niveau vun de Servicer méi staark zesummeschaffe sollten, ouni awer politesch ze fusionéieren.

Wa kee koaléiere wëllt, da konstruktiv Oppositioun

Dorop ugeschwat, datt vill Parteien net mat der ADR zesummeschaffe wëllen, mengt de Fred Keup, datt virun de Walen dacks Saache gesot géinge ginn, an dono awer aner Saache gemaach géifen. Grad um kommunalen Niveau géingen d’Politiker sech dacks gutt kennen. Sollt awer keng Koalitioun zustane kommen, da géif een eben eng gutt Oppositioun maachen.

Fir d’Bierger méi an Decisioune mat anzebannen, setzt ee bei der ADR op Referenden op Gemengenniveau.

Keng Fuerderung no Schosswaffen am private Beräich

De Wuesstem vun der Populatioun wier u sech kee Probleem, allerdéngs wier dësen ze séier. Doduerch kéimen d’Infrastrukturen dacks net no an d’Liewensqualitéit vun de Leit géing no ënnen. Bei der ADR schwätzt ee sech dofir fir ee “moderate” Wuesstem vu ronn engem Prozent pro Joer aus.

Ugeschwat op d’Fuerderung vun der Jugendorganisatioun ADRenalin nom Recht op de Gebrauch vu Schosswaffen am private Raum huet de Fred Keup ënnerstrach, datt dat aktuell keng Fuerderung vun der Mammepartei wier.

Déi nächst “5 Froen un” gëtt et e Freideg, dann ass de Marc Goergen vun de Piraten eisen Invité.

Back to Top
CIM LOGO