2 Ministere virun DeputéiertenGanz vill Froen op am Dossier vun der ëmstriddener Jughurtsfabrick

Pierre Jans
Fanny Kinsch
D'Ëmweltministesch an de Wirtschaftsminister ware wéinst dem Dossier "Fage" allebéid an den zoustännege Chamberkommissioune Wirtschaft an Ëmwelt.
Ganz vill Froen op am Dossier vun der Jughurtsfabrick
D'Ëmweltministesch an de Wirtschaftsminister ware wéinst dem Dossier "Fage" allebéid an den zoustännege Chamberkommissioune Wirtschaft an Ëmwelt.

An awer haten d'Deputéiert, souwuel déi vun der Oppositioun ewéi awer och där vun der Majoritéit, duerno nach ganz vill Froen iwwer de Projet vun dëser ëmstriddener Jughurtsfabrick.

''Fage bezilt 53 Milliounen Euro u Beroder, déi et net ginn'', esou hat de Paperjam uganks September en Artikel iwwerschriwwen. Dës Neiegkeet hat héich Welle geschloen an se mécht den Dossier nach méi däreg, gëtt déi gréng Deputéiert Josée Lorsché zou, déi als Schäffin ze Beetebuerg an der Gemeng jo kloer géint de Projet ass.

''Dat do ass eng Saach, déi op alle Fall diskutéiert muss ginn. Och mam Finanzminister, deen haut jo guer net present war. Ech kann elo net aus der Hëft schéissen an do scho Schrëtt undeiten. Et ass mol e weidere Volet, deen an dësem Dossier opdaucht a Froen opwerft.''

D'Fro, ob dës Bezuelungen u fiktiv Consultanten illegal sinn, soll der CSV no esou séier ewéi méiglech gekläert ginn. D'Fraktiounscheffin Martine Hansen:

''Mir soten och, dass wann et wierklech net legal ass, dass da misst Plainte gemaach ginn. De Wirtschaftsminister sot, hien hätt keng Informatiounen. Ech denken dann, dass mir dat wäerte maachen.''

Den David Wagner vun déi Lénk mengt, hei misst d'Justiz sech aschalten. Den anere grousse Volet, bei deem déi geplangte Joghurtsfabrick op vill Kritik stéisst, ass deen ökologeschen. D'Fabrick géif 2.500 Meterkibb Waasser pro Dag verbrauchen. Ob d'Land dat packt, wollt d'Martine Hansen wëssen:

''Do kréien am Prinzip elo d'Gemengen de schwaarze Péiter, well d'Madamm Ëmweltministesch seet, de Syndicat hätt gesot, si kéinten d'Waasser liwweren. Dat ass keng Äntwert op d'Fro, wéi dat doten national gereegelt gëtt, wa mir am Summer eng Dréchent hunn. Wie kritt Prioritéit? Ech denken, dass do de Ministère eng Verantwortung huet, an dee kann do net einfach de schwaarzen Péiter un d'Gemenge ginn.''

Sollt de Betrib eng Autorisatioun kréien, géif sech och d’Fro stellen, wou Kompensatiounsmoossname realiséiert ginn. Dofir géife bis zu 32 Hektar gebraucht ginn. Dem Josée Lorsché no misst dofir awer nach en Terrain um geplangte Site tëscht Beetebuerg an Diddeleng ëmklasséiert ginn. Iwwerhaapt huet Fage deen Terrain jo ënnert verbesserte Konditioune kafe kënnen. Sollt de Projet näischt ginn, wär nach net kloer zu wéi engem Präis de Staat den Terrain erëm kéint zeréckkafen, kritiséieren d'Deputéiert op en Neits. An den David Wagner vun déi Lénk faasst zesummen:

''Deen Dossier, deen ass esou villschichteg an och – a mengen Aen – wierklech katastrophal. Iergendwéi ass dat esou eng typesch ''Schneiderei''. Dee sténkt vun A bis Z bis an de Weltall eran.''

D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen huet och e Sproch parat. Et géif riskéieren, e richteg deieren a sauere Jughurt ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO