
Dat schreiwen op d’mannst e Méindeg d’CSV-Deputéiert Mosar a Gloden an enger urgenter parlamentarescher Fro un de Policeminister Kox.
Eng ganz Rei Beamte wiere krankgeschriwwen an anerer hätten hir Waff ofginn, well se “e längerfristegt Traitement” bräichten. Als Suite vun dësem personelle Manktem wier de Garer Police-Kommissariat eng Nuecht laang formell zou gewiescht an nach ëmmer de facto net operationell. D’CSV-Deputéiert froen an deem Kontext de Minister Kox ënnert anerem no den Ursaache fir d’Zoumaache vum Policebüro a wat de Minister wéilt ënnerhuelen, fir datt esou Fermeturen net méi virkommen.
Wann d’Urgence vun hirer Fro unerkannt gëtt, mussen d’CSV-Deputéiert bannent enger Woch eng Äntwert vum Minister kréien.