
Mat opblosbare Panzeren, Soundeffekter a Radiotricksereien hu si ënnert anerem op Lëtzebuergeschem Terrain dofir gesuergt, déi däitsch Arméi ze täuschen an esou Liewen ze retten.
En Donneschde war déi offiziell Aweiung vun der Gedenkplack, déi un d’Präsens vun der sougenannter “Ghost Army” um Lampertsbierg erënnert. Dat ass den Numm vun der streng geheimer amerikanescher Unitéit, déi mat hirem Täuschungsmanöver ville Leit d’Liewe gerett huet an dozou bäigedroen huet, den Zweete Weltkrich ze gewannen. Et wier wichteg, un d’Geschicht z’erënneren, sot d’Finanzministesch Yuriko Backes: “Mir gesinn, haut hu mir nees Krich an Europa a mir missten och un déi erënneren, déi deemools scho fir eis Fräiheet haut gekämpft hunn, fir de Fridden haut gekämpft hunn an dat och eise Kanner mat op de Wee ginn, well mir gesinn, dass Krich ëmmer nees erëmkennt.”Déi geheim Unitéit vun der US-Arméi huet am ganze 25 souer Täuschungsmanöver duerchgefouert, dorënner zu Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Belsch an Italien. An hirer Ekipp hate se awer net just Zaldoten, och Schauspiller a Kënschtler. Mat Panzeren an Jeep’en, déi opgeblose goufen a Geräischer vu Gefierer an Artilleriegeschoss, déi aus Haut-parleure koumen, hu se den däitschen Truppen eng Besatzung virgetäuscht, fir se duercherneen ze maachen.
“Et stécht vill méi hannert hirer Täuschung. Se haten en Offizéier mat Generolsstären, deen an enger Jeep mat Bodyguarde ronderëm fiert, sou dass iergendeng Persoun, iergendwellech Spiounen oder Kollaborateure se gesinn an da mellen ‘Ah mir hunn de Generol vun der 6. Divisioun gesinn, en ass hei’”, sou de Rick Beyer, President vum Projet.
D’Gedenkplack gouf um Lampertsbierg um Campus vun der Universitéit opgestallt, virum Gebai, wou deemools d’Ghost Army stationéiert war. Fir den Thomas Berett, amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, e Moment fir un déi amerikanesch-lëtzebuergesch Relatioun ze erënneren: “Et huet eng onheemlech enk Bindung tëscht Lëtzebuerg an Amerika geschaaft, well esou vill Amerikaner hiert Liewen opginn hunn, fir d’Fräiheet vun de Leit ze protegéieren, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen. A wat ech gemierkt hunn zanterdeem ech hei sinn, ass dass d’Lëtzebuerger Bierger, generell all d’Bierger sech un d’Sacrificen, déi gemaach goufen, erënneren.”
Haut liewe just nach 8 vun den 1.100 Zaldoten, déi do dobäi waren. Ëmsou méi wichteg wier et, d’Erënnerung héichzehalen.