Zënterhier ass dës Plaz net nëmme wichteg fir d’Lëtzebuerger Geschicht an d'Geschicht vun der Shoah, mee och fir d’Familljen, déi e Lien domat hunn.
All Joer den éischte Sonnden am Juli gëtt am Kader vun enger Gedenkfeier zu Fünfbrunnen bei Ëlwen un déi 300 deportéiert Judden geduecht, déi do am Klouschter vun den Nazien festgehale goufen.
Vun der Pafemillen aus aus hunn d'Nazien tëscht 1941 an 43 eng 300 Judden, ma och aner Refugiéen deportéiert, déi an den 30er Joren op Lëtzebuerg komm waren.
