Enn vum Joer ass SchlussGedrénksautomate vu Coca-Cola verschwannen aus de Lëtzebuerger Lycéeën

RTL Lëtzebuerg
A Lëtzebuerger Lycéeë gëtt aktuell nach iwwer 15 Automate Gedrénks vu Coca-Cola verkaf, ma domat soll bis Enn vum Joer Schluss sinn.

Et hätt een decidéiert, kee Gedrénks méi an der Belsch a Lycéeën ze verkafen an déi Approche géing een och zu Lëtzebuerg suivéieren, präziséiert Coca-Cola RTL géigeniwwer.

Zu Lëtzebuerg hätt een nëmmen nach 15 Distributeuren a Lycéeën, déi vu Coca-Cola selwer geréiert géinge ginn. An de leschte Jore wier d’Presenz an de Schoulen ëmmer nees ugepasst ginn a rezent just nach Waasser a Gedrénks ouni Zocker verkaf ginn. Et géing een de sozialen Debat zu deem Thema respektiv och d’Erwaardungen a puncto Autoregulatioun suivéieren, wat zu dëser kommerzieller Decisioun gefouert hätt.

Op Nofro beim Educatiounsministère heescht et, datt ee keng Informatiounen dozou hätt. Et géing een aus dem Artikel vum “L’Essentiel”, déi dëst als éischt gemellt haten, enthuelen, datt et sech wuel ëm direkt Kontrakter tëschent de Schoulen an dem Distributeur géing handelen.

Back to Top
CIM LOGO