NogefrotGeet ee schaffen, wann de Covid-Test positiv ass?

Maxime Gillen
Fir déi meescht Leit, déi haut Covid kréien, ass dat änlech, wéi wa si eng Gripp hunn oder sech erkaalt hätten.

Am beschte Fall kënnt ee mat e bësse Schnapp an Halswéi derduerch. Am schlëmmste Fall läit een eng Woch laang mat Féiwer, Schnapp an Houscht flaach. An obschonn ee mat enger Covid-Infektioun anerer ëmmer nach ustieche kann, gëllen op der Aarbecht elo déi selwecht Reegelen, wéi bei all aner Krankheet.

Geet ee schaffen, wann de Covid-Test positiv ass? / Reportage Maxime Gillen

Déi meescht Leit hält e klenge Schnapp an e bëssen Halswéi net dovun of, schaffen ze goen. Ma wat maachen, wann de Covid-Schnelltest positiv ass? Freet een de Medezinner ass d‘Devis kloer. Dem Direkter vun der Santé, Dokter Jean-Claude Schmit no, soll ee sech vun anere Leit ewech halen.

„Wann een e positive Schnelltest huet, soll een Doheem bleiwen. Dat ass fir mech kloer. Respektiv wann een op de Büro geet, wann ee ganz eleng ass um Büro ass dat natierlech kee Probleem. An deene Situatiounen, an deenen een net a Kontakt ass mat anere Persounen a Leit, ass kee Probleem, et kann ee schaffe goen. Mä wann een e positiven Test huet an et muss ee mat anere Leit Kontakt hunn, géif ech soen: léiwer Doheem bleiwen.“

A Punkto Aarbechtsrecht ass dat leider net esou kloer. U sech gëtt et nämlech keng extra Reegele méi bei enger Covid-Infektioun. Dat heescht, wann ee krank ass, seet een dem Employeur Bescheed a bleift 1 bis 2 Deeg Doheem. Spéitstens den 3. Dag brauch een dann e Krankeschäi vum Dokter. Dorun ännert och e positive Schnelltest näischt.

Wéi d‘Juristin vun der Chambre des Salariés Martine Mirkes erkläert, muss jidderee seng Responsabilitéit iwwerhuelen, virop den Employeur.

„Dann ass et och um Patron, fir seng Leit drop opmierksam ze maachen, wéi solle si sech verhalen, wa se krank sinn, wat sinn d‘Spillreegelen, déi si anzehalen hunn. Hie muss do och sensibiliséieren. Dat kann och beinhalten, senge Leit ze soen, ‘Soubal dir Symptomer hutt, wgl test iech a wgl kommt net einfach esou mat engem positiven Test op d‘Aarbechtsplaz’.“

Ma och de Salarié muss op déi aner Leit oppassen.

„De Code du Travail seet awer och, dass all Salarié gehalen ass, en fonction vu senge Kenntnisser a senge Moyenen, déi hien huet. Och hie muss mat un d‘Sécherheet op der Aarbechtsplaz denken. An hien däerf net duerch säi Verhale seng Mataarbechter a Gefor bréngen.“

Am Zweiwelsfall bleift awer just d‘Visitt beim Dokter. Dee kann e Krankeschäi schreiwen.

Back to Top
CIM LOGO