OGBL/LCGBGéint de "skandaléisen Ugrëff" vun der UEL op de Mindestloun

RTL Lëtzebuerg
Enn vun der leschter Woch hat d'UEL jo Aussoen iwwert de Mindestloun gemaach, dee soll erhéicht ginn, eng Ausso déi d'Gewerkschafte kritiséieren.
© RTL Archiv

Vun engem "Generalugrëff" geet riets am Communiqué vun OGBL an LCGB. Op den 1. Januar 2021 soll de Mindestloun jo no uewen ugepasst ginn, hei hat d'UEL awer gefuerdert fir dëse Schrëtt eventuell z'iwwerdenken.

Behaaptungen iwwert Plazen déi verschwannen an e Verloscht u Kompetitivitéit, déi d'UEL iwwert d'Upassung vum geplangte Mindestloun gemaach huet, wieren de Gewerkschaften no falsch.

Dass Grad an der Covid-Kris esou eng Haltung vun der UEL gewise géif ginn, fir en "Affront" fir déi betraffe Leit déi schaffe géife goen.

De komplette Communiqué vun OGBL an LCGB gëtt et hei!

2,8% méi Mindestloun - Fir Daachverband vun Entreprisen ass Hausse net ze halen

Back to Top
CIM LOGO