Andrew Puzder"Wann d'Reguléierung Aarbechtsplaze kascht, da sot mer Bescheed"

Jeannot Ries
Den Andrew Puzder, US-Ambassadeur bei der Europäescher Unioun, war op Invitatioun vun der American Chamber of Commerce op Visitt hei zu Lëtzebuerg.

Éischter Geschäftsmann wéi en Diplomat ass den Andrew Puzder bekannt fir seng staark Pro-Business-Haltungen. Grad dofir gouf en och am August d'lescht Joer vum President Trump op Bréissel geschéckt. Wann een hie freet, wéi en déi aktuell Relatiounen tëscht Amerika an Europa gesäit, da fält de Bilan aus der Sicht vun der Trump-Administratioun net grad esou ugespaant aus, wéi dat oft op en éischte Bléck schéngt.

jidderee schwätzt iwwer Saachen, déi an der Ëffentlechkeet fir Opreegung suergen. Mee amerikanesch an europäesch Betriber schaffen hannert de Kulissen op diplomateschem a geschäftlechem Niveau – 7 Deeg op 7, ronderëm d'Auer zesummen. Si diskutéieren iwwer geplangt Geschäfter, Produkter, déi hiergestallt solle ginn, Problemer an de Versuergungs-Ketten. Et geet ëm Konkurrenzdrock aus China. Themen, déi ugepaakt musse ginn, fir de Betrib weiderlafen ze loossen, Aarbechtsplazen ze schafen a Wuelstand ze erhalen. Et liest een dacks vun dësem oder deem Konflikt. Mee wann ee genau kuckt, da gesäit een datt mir kulturell a strategesch enk matenee verbonne sinn. An ech gesinn net, datt dat ännere wäert."

Zwee Joer u Spannungen a ville Beräicher

Haart op haart goung et hier tëscht den USA an den Europäer. Vum Handelssträit iwwer Theme wéi d'Immigratioun, d'Defense, bis d'Reguléierung vun de sougenannte Big-Tech-Entreprisen.

"Mir liewen an enger Zäit, an där sech Saache veränneren. Besonnesch bei der NATO. D'USA brauchen, datt Europa méi Verantwortung iwwerhëlt. Dat heescht net, datt Amerika sech zeréckzitt, mee mir wëllen datt Europa e Schratt no vir mécht. Dat ass e grousst Changement. Et ass eng Zäit, an där d'USA festgestallt hunn, datt d'Handelsdefiziter, déi mir mat China oder der EU haten, net méi op laang Siicht ze droe waren. Et gëtt also eng Verännerung an de Handelsbezéiungen. Facteuren hunn d'Bezéiunge grondsätzlech verännert. Dat heescht awer net, datt d'Bezéiunge beschiedegt sinn oder datt de Schued net méi ze behiewe wier. Europa muss d'Saachen elo e bëssen anescht betruechten. De President Trump huet sech dozou ganz oppen an direkt geäussert. An éierlech gesot: Europa huet positiv reagéiert, wat den Handel an ee méi staarkt Engagement bannent der NATO ugeet."

Fir d’Trump-Administratioun muss manner Regulatioun eng Prioritéit an Europa sinn.

"D'Europäesch Unioun reegelt gär alles. Ech hunn den Androck, si mengen, datt Reglementéierung op eng gewëss Aart a Weis, de Motor vum Wirtschaftswuesstem wier. Wann ee sech awer dësen an Europa ukuckt, da gesäit een zimmlech däitlech, datt Reglementéierung eben net de Motor vum Wirtschaftswuesstem ass. Ech mengen awer, datt et an Europa politesch Verännerunge gëtt, déi sech positiv op d'Wirtschaft auswierke wäerten, oder op d'mannst hoffen ech dat."

Wéi attraktiv ass Lëtzebuerg?

"Lëtzebuerg weess, wéi een Investitiounen unzitt. Et schéngt, wéi wann een hei verstanen huet: Wann een Investisseuren d'Méiglechkeet bitt, sech am Land z'entwéckelen, da komme se och. Dir kënnt se unzéien, andeems Dir hinne Virdeeler bitt. Ech mengen, d'Europäesch Unioun kéint vill dovu léieren. Et feelt nämlech un Investitiounen an der EU. Besonnesch, wat de private Beräich betrëfft."

Zesummenaarbecht vu Satellitte bis Space-Mining

"Dat ass e Beräich, an deem mir eis voll engagéieren. Ech ginn dervun aus, dat e puer vun den neie Sonden, en Deel vun der Hardware, déi op de Mound geschéckt ginn, fir do hoffentlech Ressourcen ofzebauen an d'Géigend z'erfuerschen aus Europa kommen. Si sinn also europäesch. Ech fannen, dat ass e wierklech positive Bäitrag zu dëser géigesäiteger Bezéiung."

Méi "Made in Luxembourg"?

Zeréckgekuckt op d'Beispill vun der Goodyear, déi zanter 1951 hei zu Lëtzebuerg Pneue produzéiert a Recherche mécht, ass d'Äntwert och d'Fro nuancéiert.

"Also, ech kennen den Investitiouns-Klima hei net genuch, am Beräich vun der Produktioun. Mee wann een iergendwou an Europa investéiere wëll – schéngt Lëtzebuerg eng attraktiv Plaz ze sinn. Well et iech jo geléngt, Betriber unzezéien. Da gëtt et dofir sécher e gudde Grond. Et ass also definitiv e Land, dat ee sech ganz genee ukucke sollt."

Sou d'Analys vum Andrew Puzder, US-Ambassadeur bei der Europäescher Unioun,no 15 Méint zu Bréissel. D'USA an Europa géifen zesummepassen, kulturell a strategesch.

Back to Top
CIM LOGO