Laanscht Housen iwwer en neie ContournementEnn 2028 ginn déi éischt 2,4 Kilometer op

Christophe Hochard
Vill gebaggert a gebaut gëtt den Ament zu Housen. Déi nei Ëmgeeungsstrooss hëlt esou lues Form un.

Zanter Juni 2023 gëtt um Contournement vun Housen geschafft. Déi éischt 2,4 Kilometer sinn an der Maach a sollen am Hierscht 2028 fir den Trafic opgoen. Dozou gehéiert och den Tunnel vun 325 Meter mat 2x2 Spueren.

Zweck vun dëser Ëmgeeungsstrooss ass et den Trafic aus dem Zentrum vun Housen ze kréien. Eng 17.000 Gefierer benotzen all Dag d'N7.

Aktuell gëtt un de Brécke geschafft. 8 ginn et der am Ganzen. Siwe sinn am Bau. Eng ass nach an der Ausschreiwung. Déi féiert iwwer e Feldwee. D'Brécke bestinn aus enger Stolkonstruktioun.

De komplette Projet, deen 2030 bis bei Dueschterhäische geet, huet eng Längt vu 4,4 Kilometer a kascht ronn 154 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO