
Eng Fra, déi mat hirem Auto nieft enger Kräizung geparkt hat, gouf vun enger Rei jonker Männer nom Wee gefrot. Um Enn sollt sech erausstellen, dass ee vun de Männer, der Fra d'Posch vum Récksëtz geklaut hat.
Da gouf et en Iwwerfall e Samschdeg den Owend, géint 20.30 Auer beim Busarret vum Centre Attert zu Bartreng. Hei goufen zwou Persoune gezwongen hir Handyen an eng Kap ofzeginn. Bei den Täter handelt et sech ëm 3 Persoune vun däischterer an eng Persoun vun heller Hautfaarf. Si waren tëscht 16 an 22 Joer al. Ee vun hinne war méi korpulent an hat Rastaen, deenen hir Spëtze blond gefierft waren. En anere war méi schlank a ronn 1m80 grouss. En hat eng Louis Vuitton-Mutz un an en däischteren Jogging. Den Täter vu wäisser Hautfaarf hat e schwaarzen Hoodie un an e schwaarze Mondschutz. Déi 4. Persoun konnt net weider beschriwwe ginn. Eventuell Zeie solle sech w.e.g. bei der Police vu Capellen mellen oder um 113.