
De Fabien Engelmann vum Rassemblement national, dem fréiere Front national, war am Januar nuets tëscht dem Rond-point Gluck an dem Tunnel Albert Bousser an der Stad ugehale ginn. Géint de Politiker goufen d'Fueren ënner Alkoholafloss an de Refus, fir sech dem groussen Alkoholtest z'ënnerzéien, zréckbehalen.