
Dat well eng Schleis net dicht wier. Dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng dréngend parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéiert Stéphanie Empain.
Fir dës Schleis ze flécken, misst iwwerdeems eng Solutioun fonnt ginn, wéi een dat am dréchene kéint maachen, ouni dobäi ze riskéieren, dass de Séi komplett verdréchent oder dass de Niveau vun der Baach, déi de Séi alimentéiert, ze vill op an of geet.
Fir z'iwwerwaachen, ob genuch Sauerstoff am Waasser ass, géif d'Waasserverwaltung eng Sond leeën. Sollt de Sauerstoffgehalt ze niddreg sinn, misst d'Gemeng dofir suergen, dass d'Waasser kënschtlech mat Sauerstoff versuergt gëtt, respektiv sech dorobber preparéieren d'Fësch aus dem Waasser ze huelen, ier den Sauerstoffgehalt kritesch fir si gëtt.
Aus der Äntwert vun der Ministesch geet iwwerdeems och ervir, dass d'Gemeng dës Aarbechten net ouni Autorisatioun hätt dierfe maachen, well mam Auslafe vum Séi den Niveau vun der Klierf massiv beaflosst géif.
