WaldhaffGemeng wëll neie Café-Restaurant opmaachen

Maxime Gillen
D'Gebai vum fréiere Restaurant Waldhaff am Ufank vun der Iechternacher Streck steet elo schonn zanter bal 3 Joer eidel.
© RTL

Neie Café-Restaurant um Waldhaff / Rep. Maxime Gillen

Dem viregte Locataire gouf no jorelaangem Sträit viru Geriicht gekënnegt, well hien ënnert anerem d'Terrass hannert dem Gebai ausgebaut hat, obschonn d'Haus an enger Natura-2000-Zon steet an et fir dës Aarbechte keng Baugeneemegung gouf.

Zanterhier wier d'Haus a relativ schlechtem Zoustand, de Staat, dee Proprietär ass, hätt mol déi néidegst Reparaturen um Daach gemaach, esou de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Bauten, François Bausch, a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de CSV-Deputéierte Françoise Hetto-Gaasch a Marc Lies. Duerno gouf et mat Placken zougemaach a mat Gittere vu baussen ofgeséchert. Ausserdeem géif et gehëtzt ginn, wann dat néideg wier, heescht et op Nofro hi vum Bauteministère.

Ma ofgesinn dovun ass näischt méi geschitt an d'Gebai verkënnt ëmmer méi. Dowéinst huet ee sech am Nidderaanwener Schäfferot iwwerluecht, fir an där Saach aktiv ze ginn. Et wéilt een dem Staat proposéieren, den Terrain vum fréiere Restaurant ze tauschen, seet de Buergermeeschter vun Nidderaanwen, Raymond Weydert (CSV): „An der Gemeng Nidderaanwen kréie mir en neie Commissariat de police Syrdall. D'Gebai gëtt vum Staat gebaut, dat ass fir 5 Gemengen, an den Terrain gehéiert der Gemeng. Do hu mir eis gesot, ob een do net en Tausch kéint maachen, a Plaz vun engem Droit de superficie oder engem Droit emphytéotique, mam Staat, ob mir net kéinten tausche mam Waldhaff.“

Dem Buergermeeschter no wier ee beim Comité d'acquisition vum Finanzministère dann a priori och prett dat ze maachen, ma do missten awer nach eng Partie Expertise gemaach ginn, fir ze kucken, wat béid Terraine wäert sinn.

Derbäi kënnt, datt een zu Nidderaanwen natierlech och genee wësse wëll, wat een um Gebai däerf maachen a wat net. Ëmmerhi misst d'Gebai, dat matten an enger Gréngzon steet, relativ vill renovéiert an och e bëssen ausgebaut ginn. Et misst een den ugebaute Wantergaart renovéieren, eng nei Kichen installéieren an de Sanitär frësch maachen, esou de Buergermeeschter. Um ieweschte Stack wier och nach eng Wunneng, déi misst renovéiert ginn, an et misst een eventuell e Lift abauen. Ausserdeem misst d'Kläranlag niewendru komplett nei gemaach ginn.

Et wier een optimistesch, datt een, wann een d'Käschte géing gestäipt kréien, um Waldhaff nees e Café-Restaurant kéint maachen, wéi e fréier war, esou de Raymond Weydert. Dat heescht, e Café mat maximal 50 Couverten, an deem Schmieren a Lëtzebuerger Platen zerwéiert ginn a wou een och kleng Banqueten a Feiere kéint organiséieren. An dofir wier een zu Nidderaanwen dann och bereet, bis zu zwou Milliounen Euro z'investéieren.

Den zoustännege Finanzministère refuséiert iwwerdeems awer all Commentaire zu deem Dossier.

RTL NEWS: Neit Etablissement um Waldhaff fréistens fir Summer 2021
RTL NEWS: Waldhaff: D'Veranda vum Café-Restaurant gëtt ofgerappt

Back to Top
CIM LOGO