
Fréistens am Summer 2021 kann en neit Etablissement do opmaachen, wann ee sech déi néideg administrativ Prozeduren an d'geschaten Dauer vun den Aarbechte vu 6 Méint virun Aen hält. Dat äntweren de Finanzminister Pierre Gramegna an de Minister fir d'Travaux publics François Bausch op eng parlamentaresch Fro iwwert d'Zukunft vun der Veranda vum Café-Restaurant Waldhaff. De Site wär "net an engem ganz gudden Zoustand gewiescht", nodeems en am Mäerz 2019 vum Ex-Locataire fräigi gouf, ronn 3 Méint no engem Urteel vun der Cour d'appel an der Stad.
D'Administration des Bâtiments publics hätt den Daach reparéiert an de Site ofgeséchert, heescht et op Froe vun den CSV-Deputéierte Françoise Hetto-Gaasch a Marc Lies. Et wär eng opwänneg Renovatioun néideg, fir d'Gebai a Stand ze setzen, sou d'Ministeren. Ënner anerem missten d'technesch Installatioune ganz ersat ginn. Well de Site donieft an enger Natura-2000-Zon läit, misst eng Kläranlag gebaut ginn.
RTL NEWS: D'Veranda vum Café-Restaurant gëtt ofgerappt
RTL NEWS: Affär Waldhaff: 1. Urteel confirméiert, Bail gouf rechtswierksam opgeléist