Vu 15 op 11 MembereGemengeconseil Habscht op Regime

Marc Hoscheid
Den 11. Juni sinn d'Gemengewalen. Zu Habscht wäert et e puer Changementer ginn. De Walsystem gëtt deels gewiesselt an d'Zuel vun de Conseillere verréngert.
© RTL-Archiv

Den 11. Juni stinn zu Lëtzebuerg d’Gemengewalen um Programm. Och zu Habscht sinn d’Leit dann opgeruff hir Stëmm ofzeginn. Wien alles untriede wäert ass zwar nach net gewosst, mee kloer ass awer, datt sech par Rapport zu de leschte Walen 2017 e puer Saachen ännere wäerten. Zum Deel wiesselt de Walsystem an d’Zuel vun de Conseillere verréngert sech sou staark wéi a kenger anerer Gemeng.

30/03/2023 BAND Gemengewalen Habscht 12h30 (online)

Vu 15 erof op 11, de Regime dee sech de Gemengerot Habscht bei der Zuel vu senge Conseillere verschreift, ass dee strengsten am ganze Land. Dat läit dorun, datt d’Iwwergangsperiod, déi bei der Fusioun tëscht den deemolege Gemengen Habscht a Simmer ausgehandelt gouf, ausleeft. D’Bierger haten 2014 an zwee Referenden hiren Accord fir d’Fusioun ginn, déi den 1. Januar 2018 a Kraaft getrueden ass. De Serge Hoffmann, Buergermeeschter vun Habscht, ass op alle Fall frou, datt de Gemengerot an Zukunft rëm méi iwwerschaubar wäert sinn.

“Ee Gemengerot vu 15 muss ech soen, ass, wann ech dat als Buergermeeschter duerf soen, awer relativ grouss gewiescht. Dat mécht och awer d’Zesummeschaffen, am Sënn vun der praktescher Organisatioun net ëmmer esou einfach. Ech menge schonn, datt fir eng Gemeng vun eiser Gréisst déi 11 méi praktesch am Fonctionnement sinn.”

D’Zuel vun de Gemengeconseillere geet iwwregens nach a véier weidere Fusiounsgemengen, deenen hir Iwwergangsperiod op en Enn kënnt, erof. An de Gemengen Helperknapp, Parc Housen a Rouspert-Mompech jeeweils vun 13 op 11, an an der Ärenzdallgemeng vun 11 op 9. Wat Habscht betrëfft, sou gouf 2017 nach an zwou Sektiounen ofgestëmmt. Zu Habscht am Proporzsystem an zu Simmer am Majorzsystem. Dëst Joer ginn et keng Sektioune méi an et gëtt komplett am Proporzsystem gewielt. Hie géing doran zwar weder ee Vir- nach een Nodeel gesinn, mee generell fënnt de Serge Hoffmann de Majorzsystem fir kleng Gemenge méi passend.

“Fir mech hätt ee kéinte gutt am Majorzwalsystem weiderfueren, mee d’Gesetz huet dat ebe virgeschriwwen, dann hu mer eis mussen drun halen. Wann Der mech frot, wéi dee Seuil misst sinn, géing ech mengen, datt ee Seuil vun 10.000 Awunner vläicht dee wier wou et ufänke géif méi realistesch ze gi fir ze soe mir maachen ee Proporzsystem.”

Ma den 11. Juni presentéiere sech zu Habscht awer Parteien. Wärend d’DP hir Lëscht scho presentéiert huet, wäert et bei der CSV geschwënn esou wäit sinn. Op d’LSAP eng presentéiere wäert, bleift nach ofzewaarden. Aktuell huet d’CSV mat 11 Conseilleren eng komfortabel Majoritéit, d’DP huet zwee an d’LSAP ee Sëtz. Déi véier Conseilleren, déi an der Sektioun Simmer gewielt goufen, hate sech alleguer der CSV-Fraktioun ugeschloss. Zanter engem Stierffall si nëmmen nach 14 Sëtz am Gemengerot besat.

Back to Top
CIM LOGO