Héichwaasser 2021Gemengen a Gemengesyndikater deklaréiere Schied an Héicht vun iwwer 30 Mio. Euro

RTL Lëtzebuerg
Nom Héichwaasser virun 2 Joer hunn d'Gemengen an d'Gemengesyndikater Schied an Héicht vun iwwer 30 Milliounen Euro beim Inneministère deklaréiert.
© RTL-Archivbild

D’Gemeng Iechternach mécht do méi ewéi 2/3 aus. Dat äntwert déi zoustänneg Ministesch Taina Bofferding den CSV-Deputéierte Gloden, Hengel a Modert op eng parlamentaresch Fro.

Bis ewell si 4,6 Milliounen Euro ausbezuelt ginn. Wann een Iechternach ausklamert, da wiere 44% vun de gefroten Indemnitéiten un déi aner Entitéiten ausbezuelt ginn, sou d’Ministesch. 18 Dossiere wieren nach “en cours”, well se net komplett sinn.

Am Budget fir dëst Joer wier iwwerdeems eng weider Enveloppe vu 5 Milliounen Euro virgesinn, präziséiert den Inneministère weider.

Fir besser op eng Katastroph preparéiert ze sinn, kënnen d’Gemengen och beim Waasserfong eng finanziell Ënnerstëtzung froen.

Back to Top
CIM LOGO