Rout KräizGeneratiounsiwwergräifend Struktur zu Veianen

Christophe Hochard
Wärend 3 Joer gouf d'Residenz Aline Mayrisch vun der Croix-Rouge zu Veianen gebaut.
Generatiounsiwwergräifend Struktur zu Veianen
Wärend 3 Joer gouf d’Residenz Aline Mayrisch vun der Croix-Rouge zu Veianen gebaut.

Et ass en generatiounsiwwergräifende Projet vum Lëtzebuerger Roude Kräiz. Plaz ass hei fir 108 Mënschen. Dëst sinn eeler Leit, Mënschen an enger sozial prekärer Situatioun a Kanner an der Maison Relais. Et ginn am Ganzen 52 Wunnengen. Dat si 44 Appartementer a Studioen, déi als “Logement encadré” verlount ginn a nach eemol 8 Wunnenge fir sozial schwaach Leit.

Diploméiert Personal vun der Croix-Rouge këmmert sech ëm dës Mënschen.

Back to Top
CIM LOGO