
Dowéinst a well vill Personal den Ament net disponibel ass, gëtt et Problemer mat de Liwwerungen, deelt de Groupement Pétrolier mat.
De Paul Kaiser, Vize-President vum Groupement pétrolier: De Moment géif ech soen, bedéngt duerch dee vill méi nidderege Präis, well ingesamt d’Petrolsdemande weltwäit ofhëlt, ass de Präis gefall. Ech géif soen, d’Commandë vum Masutt leie beim zwee bis dräifachen Niveau de Moment vun deem üblechen am Wanter.
De Paul Kaiser schwätzt vun ëm déi 2 Woche Retard, déi doduercher kéinten entstoen.
Personalméisseg versicht zum Beispill de Petrocenter dat opzefänken, andeems Leit, déi normalerweis op de Bensinsstatioune schaffen, aneschters agesat ginn. Op der anerer Säit ginn et awer Ausfäll, well Persounen am Congé pour raisons familiales sinn, esou de Paul Kaiser weider. Dee geet och vun enger temporärer Situatioun aus, wa Leit bis hiren Tank gefëllt hunn, geet d'Demande och nees erof.
De Groupement pétrolier betount zu gläicher Zäit, datt awer genuch Quantitéiten u Masutt disponibel sinn. Den Transport vum Masutt wier weider garantéiert, well d'Grenzen fir dee weider opbleiwen.
Les incertitudes liées à l’épidémie Covid-19 et la chute significative des prix des produits pétroliers ont engendré une augmentation substantielle de la demande pour le mazout de chauffage au Luxembourg ces derniers jours et semaines. Par ailleurs, les fournisseurs de mazout de chauffage étant confrontés à un manque de personnel à cause de l’épidémie Covid-19, il peut y avoir des retards inhabituels dans les délais de livraisons. Le Groupement Pétrolier Luxembourgeois souhaite rassurer tous les clients, à travers ce communiqué de presse, que les quantités de mazout de chauffage commandées sont bien disponibles et le resteront. Nous vous prions d’excuser cet inconvénient temporaire et nous remercions la clientèle pour sa compréhension.
