Invité vun der Redaktioun (19. Januar)Georges Engel, LSAP-Deputéierten

Annick Goerens
E Méindeg de Moie sinn de Sozialdialog an déi rezent Kritik un der LSAP-Fraktioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Muss ee wierklech méi sec mat de Gewerkschaften ëmgoe wéi den Ex-Minister Georges Mischo dat seet? Kritt den neien Aarbechtsminister Marc Spautz de Sozialdialog nees un d’Rullen? A wat ass ze soen zu der rezenter Kritik un der LSAP-Fraktioun, dass si net genuch Präsenz um Terrain géinge weisen? Dat froe mer e Méindeg de Moien den LSAP-Deputéierte Georges Engel. Hien ass kuerz no 8 eisen Invité vun der Redaktioun.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO