D’Gefierer sinn an Tëschenzäit a Polen ukomm. Waarden do, fir weider Direktioun Osten bruecht ginn, wou se batter néideg gebraucht ginn. ''Do gëtt et keen Zweiwel. Se wäert direkt un d’Front geschéckt ginn. An d’Schluecht. Un d’Front fir d’Liewe vun eisen Zaldoten ze retten.’'
sou den Colonel vun der ukrainesch Arméi, Oleg Semenikhin.
Biller, déi u Bord vun enger net gepanzerter Ambulanz an der Regioun vun Bachmut opgeholl goufen, weisen wéi komplizéiert, wéi geféierlech d’Aarbecht vun de Rettungsekippen un der Front ass. Déi zwee Männer an zwou Fraen am Gefier kämpfen ëm d’Liewe vun engem verletzen Zaldot. Dobäi sëtze si selwer hiert eegent op d’Spill. Net just well d’Ukrain eent vun den Länner weltwäit ass mat am meeschte Minnen. De President vun der Asbl LUkraine, Nicolas Zharov erzielt, wéi d’russesch Truppen bewosst Rettungsgefierer attackéieren. Eenzel Ambulanze wiere bannen der éischter Woch Asaz schonn zerstéiert ginn.
Den ukrainesche Colonel Oleg Semenikhin haakt an: ''D’Situatioun ass onberechenbar. Se ass wierklech explosiv.’' An de Militär ënnersträicht nach emol, wéi wichteg et ass, dat gepanzert Ambulanzen un der Front an den Asaz kommen.
U sech goung et ganz séier, bis d’Gefierer vum Typ Mercedes, respektiv Pinzgauer, déi d’Lëtzebuerger Regierung elo liwwert, prett stoungen. Eng Entreprise am brittesche Yorkshire huet sech spezialiséiert, fir Ambulanzen aus dem Stock vun der brittescher Arméi en zweet Liewen ze ginn.
De Vizepresident vum Venari Group, Oliver North : ‘‘Jidder Gefier, dat mir bauen, rett Liewen. Dat gëtt deem Ganzen eng speziell Bedeitung. Déi ganz Equipe schafft 24 Stonnen den Dag. 7 Deeg an der Woch. Et ass e Projet voller Leidenschaft an Emotiounen.’'
'‘Mir wäerten d’Ukrain sou laang ënnerstëtzen wéi néideg’’, sou de Verdeedegungsminister François Bausch. D’Lëtzebuerger Regierung huet elo emol eng Enveloppe vun 71 Milliounen Euro fir dëst Joer virgesinn. Lëtzebuerg ass och bereet, Geld an en Europäesche Fong anzebezuelen, awer ënner Konditioun. Dat ganzt dierf net an der Bürokratie ënnergoen. Da kéint sou e Fong Avantagen hunn. Méi séier, méi bëlleg u Material a Waffen fir d’Ukrain ze kommen.
An der aktueller Situatioun géif et keng Zäit ginn, fir nach 4 Wochen ze diskutéieren. ''Soss ass et schonn ze spéit.'' Dat huet och d’Chargée d’affaires vun der ukrainescher Ambassade Natalia Anoshyna e leschten Donneschdeg kloer zum Ausdrock bruecht. Mam Appell : '' Stand together with us. ‘'