
Kuerz no Hallefnuecht ass tëscht Buer an Tënten en Automobilist mat sengem Auto bäigaangen. Eng Persoun gouf verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Tënten an eng Ambulanz vu Mamer.
Kuerz viru 4 Auer gouf et en Accident an der Tréiererstrooss um Findel. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D'Pompjeeë vu Sandweiler an d'Ambulanz aus der Stad waren am Asaz.
E Samschdeg de Moie géint 10:40 Auer huet et an der Avenue de Luxembourg zu Käerjeng gerabbelt. En Auto an e Moto sinn do net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt. D'Pompjeeë vu Käerjeng an d'Ambulanz vu Schëffleng waren op d'Plaz geruff ginn.
Um 14:45 Auer krute sech zu Esch 2 Autoen ze paken. Heibäi gouf et 2 Blesséierter.