De suspendéierte Schoulmeeschter vu Biissen ass en Donneschdeg am Nomëtten um Stater Geriicht zu enger Prisongsstrof vun 8 Joer, 5 dovu mat Sursis probatoire, veruerteelt ginn. D'Oplo besteet an der psychiatrescher Behandlung vum Mann senge pedophillen Tendenzen. Donieft däerf hien ënner anerem 10 Joer keng Schoul halen a liewenslänglech kee Kontakt zu Mannerjäregen hunn. Dobäi kënnt nach eng Geldstrof vun 1.000 €, Schuedenersatz an Héicht vu 17.500 € an d'Iwwerhuele vun den Affekotskäschte vun de Parties civiles.
De Mann, dee vun 2001 u Schoulmeeschter zu Biissen war, hat ënner anerem wéinst Attentat à la pudeur de Prozess gemaach kritt. D'Faiten, déi him virgehäit goufen, sinn op den Zäitraum tëscht 2003 an 2015 zréckgaangen. Et goufe bei him, op verschiddene Supporten, 7 Filmer a ronn 450 Fotoen fonnt.