Um leschte Weekend viru Chrëschtdag nach an d’Butteker goen a lescht Chrëschtkaddoe kafen. Oder awer nach eng Kéier en Tour op de Chrëschtmaart maache goen. Dës Aktivitéiten hunn dëst Joer awer just kënnen ënner Aschränkungen ofgehale ginn. Mä wéi war d’Stëmmung iwwerhaapt bei de Commerçanten? Net nëmmen am Hibléck op déi aktuell Covid-Mesuren, mä och op déi aktuell Onroue bedéngt duerch d’Manifestatiounen?
Déi schéi chrëschtlech Atmosphär hätt och dëst Joer Leit an d’Stad an op de Chrëschtmaart gelackelt. D’Leit géingen ëmmer nach gären akafe goen. An awer sinn et der manner ginn, wéi nach virun der Pandemie. Dat hunn och d’Verkeefer vun de Geschäfter an der Groussgaass festgestallt.
D’Geschäftsleit dozou:
Positiv wier awer, dass Sonndes an der Stad rëm méi Liewe wier. Hei wier et dann awer meeschtens sou gewiescht, dass d’Leit sech méi dobaussen opgehalen hätten, fir just ze trëppelen, wéi lo an d’Butteker ze goen. Generell wier et sou, dass d’Leit vill méi geziilt akafe géingen.
Gemëschte Gefiller goufen et och um Chrëschtmaart an der Stad: Déi Leit, déi laanscht komme géingen, géingen och gären eppes kafen oder iessen an drénken. Awer am grousse ganze wiere manner Leit laanscht komm, wéi an de leschte Joren, dat ass alle Commerçanten opgefall.
Hei en Echantillon um RTL-Mikro:
Dass manner Leit kommen, läit engersäits um CovidCheck-Regime an anerersäits un den Demonstratiounen, déi elo all Samschdeg organiséiert ginn. De 4. Dezember war do jo eng Demonstratioun eskaléiert, wou Demonstranten de Chrëschtmaart bei der Gëlle Fra gestiermt hunn. D’Commerçantë fäerten, datt sech sou eppes widderhuele kéint. Mä déi aktuell verstäerkte Policepresenz géing hinnen awer e Stéck Sécherheet zréck ginn.