Ëmbau-ProjetGeschicht vun der Gebléishal um Belval mam Nëtzleche vernetzen

RTL Lëtzebuerg
D'Gebléishal um Belval aus der Vue vum Héichuewe wierkt net nëmmen imposant, si ass et och. 160 Meter laang, 72 Meter breet an 28 Meter héich ass d'Gebai.
Ëmbau-Projet Gebléishal Belval
D’Gebléishal um Belval aus der Vue vum Héichuewe wierkt net nëmmen imposant, si ass et och. 160 Meter laang, 72 Meter breet an 28 Meter héich ass d’Gebai.

1910 gebaut, huet d’Gebai tëscht 1911 an 1997 eng wichteg Roll op der Schmelz vun Esch/Belval gespillt. Hei goufe Wand a Stroum produzéiert.
Op 4 verschidde Plazen an Holland ass eng Ekipp sech rezent inspiréiere gaangen, well hei änlech industriell Hale stinn. Um Programm vum Ausfluch stoungen Amsterdam, Utrecht, Tilburg a Rotterdam.

D’Hal um Belval huet eng Surface vun 120.000 Meter Carré. Luusst een eran, gewënnt een den Androck, wéi wann hei an dësem Raum d’Zäit stoe bliwwe wär. Elo geet et drëms dat Historescht mam Nëtzlechen ze vernetzen.

De Kultur-, Héichschoulministère an de Fonds Belval si bei dësem Projet involvéiert. Sou wéi de Rotterdamer Site kéint ee sech de Projet “Gebléishal” um Belval virstellen.

Back to Top
CIM LOGO