
Am Prozess ëm en Aarbechtsaccident mat déidleche Suitten am Abrëll 2015 zu Uewerkäerjeng, gouf am Nomëtten um Stater Geriicht eng Geldstrof vu 1.500 € fir d'Baufirma gesprach, fir déi d'Affer geschafft hat.
Deemools war de Mann op engem Schantjen duerch den Daach gefall, eng 7 bis 8 Meter an d'Déift. Hie war sou uerg verwonnt ginn, dass hie knapp 7 Méint drop am Alter vu 57 Joer gestuerwe war.
D'Geschwëster vum Affer kruten e Mëttwoch all Kéiers 5.000 € Schuedenersatz um Geriicht zougesprach.