
Wéi d’Beamten op de Mann, dee mat engem laange Bengel ronderëm gestikuléiert huet, wollten duergoen, ass dësen a Richtung Gleiser fortgelaf. Nodeems d’Polizisten de Flüchtegen ageholl a gestallt hunn, huet sech bei der Kontroll erausgestallt, datt de Mann national gesicht gouf.
Um Wee op de Policebüro ass de Beamten donieft e staarke Cannabisgeroch opgefall. Am Ganze goufen 42,5 Gramm Kokain, 12,9 Gramm Marihuana, 9,5 Gramm Haschisch, Boergeld, zwee Messer, de laange Bengel an en Telefon beim Mann séchergestallt.
De Mann koum an den Uerschterhaff op Suessem.
E Méindeg am Nomëtteg huet d’Police eng grouss ugeluecht Kontroll am Garer Quartier organiséiert. Dobäi goufe véier verdächteg Persoune bei engem Drogendeal festgeholl. Op Uerder vum Parquet goufen zwee vun de Männer wéinst dréngendem Verdacht, mat Drogen ze handelen, verhaft.
Déi aner zwee Männer koume fir d’éischt fir eng medezinesch Kontroll an d’Spidol. Wéi erwaart, war den Drogentest positiv. Donieft goufen awer nach iwwer 30 Drogekugelen bei de Verdächtege fonnt. Doropshi goufen och si op Uerder vum Parquet verhaft.
D’Drogen, d’Suen an d’Handye goufe saiséiert.
Déi véier Männer koumen en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter. Ee vun de Männer koum dono op Suessem an den Uerschterhaff.