Dat wär ganz wichteg, well no 3 Méint zou géif et hei ëm Existenze goen. Dës Betriber wären och sanitär excellent opgestallt. Et géif elo dorëms goen, en Equiliber tëscht Gesondheet a Wirtschaft ze fannen an et soll een déi zwee net géinteneen ausspillen, dat géif d'Regierung den Ament versichen.
Wou d'Regierung vill méi aktiv a proaktiv misst ginn, wär bei der Impfung. Well et wär dat, wat géif erlaben, nees an eng Normalitéit ze kommen, méi Previsibilitéit ze kréien, am privaten, wéi am beruffleche Liewen.
D'Betriber wären och sanitär excellent opgestallt. Et géif elo dorëms goen en Equiliber tëscht Gesondheet an Wirtschaft ze fannen an et soll een déi zwee net géint eneen ausspillen, dat géif d'Regierung den Ament versichen.
„Den Horesca, an nach vill aner handwierklech Aktivitéiten ewéi am Evenementiel oder an der Kultur, si schwéier touchéiert. Do geet et wierklech em Existenzen. An d'Hëllefen déi d'Regierung op de Wee bruecht hu si wichteg, mä fänken net alles op wat verluer geet an en Equiliber fannen. Net ee géint deen aneren ausspillen.“
Wou d'Regierung vill méi aktiv a proaktiv misst gi wär bei der Impfung. Well et wär dat, wat géif erlaben nees an eng Normalitéit ze kommen.
„Eng Laangzäit-Strategie wier jo gutt ass awer schwéier opzebauen. Dofir dat wat eis hëlleft an do wou mer vill méi aktiv musse ginn a proaktive ginn, dat ass wat d'Vaccinatioun ubelaangt. Et ass dat wat eis wäert erlaben an d'Normalitéit ze kommen. Previsibilitéit erëmzekréien. An eisem privaten, ewéi och beruffleche Liewen.“
Et wier ze begréissen, datt d'Europäesch Unioun den Optrag kritt hätt fir déi 27 Memberlänner ze verhandelen an d'Verdeelung vun den Impfstoffer festzeleeën. Et wier e Geste u Solidaritéit. Ma d'Resultat wier suboptimal, esou den Direkter vun der Chambre des Métiers. Et wier ze wéineg Vaccin bestallt ginn, respektiv present an de verschiddene Länner. Et dierft ee sech mat der aktueller Situatioun net zefridde ginn.
Et feelt de positive Message fir d'Wirtschaft vun der Politik. Op Recherche-Niveau wier grousse Progrès gemaach ginn, ma dee Message géif net onbedéngt ukommen.