Covid-19Gesondheetskeess fir d'zweet Joer noeneen am Minus

RTL Lëtzebuerg
D'Covid-19-Pandemie huet nawell Spueren an de Finanze vun der Gesondheetskeess hannerlooss.

Zejoert waren et iwwer 55 Milliounen am Minus, dat zweet negatiivt Resultat noeneen. Vun der Gesondheetskeess profitéieren 915.000 Leit, dovunner een Drëttel Frontalieren.

2021 gouf et 3 Milliarden a 577 Milliounen Euro u Recetten, bei 3 Milliarden a 631 Milliounen Depensen. Dat Minus-Resultat vu 55 Milliounen dréckt d’Reserven op eppes iwwert 900 Milliounen Euro, wat géif duergoen, fir ee Véierel vun de järlechen Depensen ze couvréieren.

Zanter 2018 ginn d’Depensë bei der Assurance maladie méi séier an d’Luucht wéi d’Recetten. Et schéngt sech ëm ee strukturelle Problem ze handelen, deen duerch d’Pandemie acceleréiert ginn ass.

Et misst een do dogéint steieren, virun allem och well nieft Covid-19 den ekonomesche Kontext net evident ass.

Back to Top
CIM LOGO