Och wann et dëst Joer vill Problemer goufen, fir d’Emissioun op d’Been ze stellen, war et keng Optioun, d'Emissioun ausfalen ze loossen. D’Suen, déi beim Télévie erakommen, sinn nämlech wichteg bei der Lutte géint de Kriibs. All Joer ginn och Labos-Bluse vum Télévie verdeelt, dat u Laboen a Leit, déi un der Recherche géint de Kriibs am Numm vum Télévie schaffen.
Et ass e symbolescht Zeechen. Den FNRS (de Fonds de la Recherche scientifique) iwwerreecht all Joer Télévie-Blusen u Fuerscher, déi bei der Lutte géint de Kriibs hëllefen. Normalerweis geschitt dat bei enger grousser Zeremonie zu Bréissel, ma wéinst der aktueller Situatioun hunn d’Kolleege vun RTL/TVI decidéiert, selwer op Lëtzebuerg ze kommen, fir se ze iwwerreechen.
Och wann et déi éischte Kéier ass, dass d’Fuerscher zu Lëtzebuerg am LIH Schiertecher kréien, bedeit dat net, dass si virdrun net un der Recherche géint de Kriibs geschafft hunn. Ëmmerhi fléisst all Cent, dee bei eis beim Télévie erakënnt, och an d’Recherche hei zu Lëtzebuerg.
Et ass scho vill an der Lutte géint de Kriibs geschitt, ma fir vill Kriibszorte ginn et nach ëmmer net déi richteg Medikamenter, déi wierklech heele kënnen. Mat der Hëllef vum Télévie kann d’Fuerschung awer ëmmer weider goen a virun allem ëmmer besser ginn.
An och Dir kënnt en Deel vum Télévie ginn. Dat ganzt Joer iwwer kënnt Dir en Don fir den Télévie maachen. De nächste groussen Télévie-Dag ass d’nächst Joer, de 24. Abrëll – an dat ass dann och schonn den 20. Anniversaire.