OGBL an LCGBGespréicher fir d'Séchere vun Aarbechtsplaze bei Husky gi weider

RTL Lëtzebuerg
De Spezialist fir Goss a Schablounen ze sprëtzen hat jo annoncéiert, 155 Aarbechtsplazen zu Diddeleng ofzebauen.
© RTL Archivbild

Bei Husky Technologies zu Diddeleng ginn d’Diskussiounen iwwert d’Séchere vun den Aarbechtsplazen deemno weider, sou den LCGB an den OGBL an engem gemeinsame Communiqué en Donneschdeg de Moien. Den LCGB an den OGBL begréissen, datt Vertrieder vum Aarbechts- a vum Wirtschaftsministère an enger Reunioun mat der Direktioun vun Husky sech nach emol fir e Plan de Maintien dans l’emploi ausgeschwat hunn an déi entspriechend staatlech Ënnerstëtzung verséchert hunn.

Duerch d’Presenz vun de Vertrieder aus de Ministère wier et eng konstruktiv Diskussioun ginn, déi an den nächste Woche virugeet, sou d’Gewerkschaften. Hiert Zil ass et, d’Beschäftegung vun all de betraffene Salariéen ofzesécheren. Wéinst der aktueller Entwécklung vun der Situatioun an der Industrie fuerderen den OGBL an den LCGB iwwerdeems en Dräiergespréich – also eng Tripartite – mat der Fedil, der Vertriedung vun de Patronen an der Industrie.

RTL-NEWS: Plazenofbau bei Husky - D’Gewerkschafte sinn entsat a schloen Alarm

PDF: Schreiwes vun de Gewerkschaften

Back to Top
CIM LOGO