Déi geet een no 2 Joer Pandemie, trotz der aktueller Pandemie optimistesch un. Mir hunn eis e Bild vun der Situatioun en 2 Familljebetriber gemaach.
Clierf bleift eng beléiften Destinatioun fir Outdoor-Tourismus, och wann déi éischt Méint roueg ugelaf sinn. Ma d’Wierder spillt mat an dofir ass de Weekend am Traditiounsbetrib ausgebucht. Eenzeg an eleng d’Präisdeierecht schléit liicht op d’Stëmmung, schliisslech gëllt et, 3 Indextranchen ze bezuelen. E bësse misst ee schonn un d,Clienten viru ginn, erzielt de Jean-Claude Gindt, Hotelier an drëtter Generatioun.
Wat d,Famill Gindt awer mierkt: D’Präisser fir mam Fliger si jo och däitlech méi deier an dat wier no der Campagne “Vakanz Doheem” eng nei Chance fir de Proximitéitstourismus. Eng gutt 10 vun de 50 Zëmmere wieren am Moment u Lëtzebuerger verlount. Un d’Zuele vun 2019 kéim een awer wuel net erun.
An der Stad ass een dogéint optimistesch, dass 2023 eng Rekordsaison gëtt. Et ass déi Regioun mat de meeschten Hoteller am Land, eng 2.400 Zëmmere gëllt et ze beleeën.
Dem Marcel Goeres säi Familljebetrib geréiert der dovun eng ronn 230, verdeelt op 4 Hoteller. Fir den Ouschterweekend wier een zu 90% ausgebucht. “De Januar an de Februar waren net gutt, mä de Mäerz an den Abrëll sinn nees normal, a mat de Reservatioune déi mir elo scho fir Juni a Juli hu, gi mir dovun aus, dass mir un 2019 erukommen. Dat ass eist Zil”, sou de Marcel Goeres.
D’Präisdeierecht géif een hei nach net spieren, falls d’Energiekäschte géifen explodéieren, vertraut een ob Ënnerstëtzung vun der Regierung, déi och an der Pandemie gutt funktionéiert hätt.
Dat fënnt een och am Norden. Béid Hoteliere si sech eens, dass de Modell vum Familljebetrib trotz der internationaler Konkurrenz Zukunft hätt.