
Dëst Joer goufen et zum Beispill Virfäll, wéi Giischtercher wollten 2 Prisonéier auserneen huelen, respektiv wéi een Detenu engem Giischtjen d'Zellendier widder de Kapp geschloen huet.
Och zejoert gouf et eng hallef Dosen Attacken, respektiv Riposten, wéi Giischtercher géint Prisonéier intervenéiert haten.
Dës Zuelen nennt d'Justizministesch Sam Tanson op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup.
Weider ass et d'Prezisioun vun der grénger Ministesch, datt eng Offer vun Anti-Gewalttraining ofgeschaaft gi wier, well sech keng Professioneller géife fannen, déi en Training ubidden, deen den uerdentleche Krittäre géif entspriechen.
Et géif den Ament awer un esou engem adequaten Training vu Gewaltpreventioun geschafft ginn, deen dann zu Schraasseg a Giwenech applizéiert gëtt.