
Déi Provokatioune sinn eskaléiert, wouropshin 2 Persounen op engem Motorrad duerch d’Leit gefuer sinn an dobäi eng eeler Damm liicht verwonnt hunn. Dat huet zu Handgräiflechkeete gefouert, woubäi de presuméierten Täter eng Persoun mat engem Messer verwonnt huet. Déi huet musse medezinesch behandelt ginn. D’Leit, déi fir d’Provokatioune gesuergt hunn, konnten ermëttelt a protokolléiert ginn.